Taxatioun vun Cannabis

Taxatioun vun Cannabis

Wéi soll Cannabis bestéiert ginn?

Points

⬇️

Ech sinn der Meenung dass ee muss ënnerscheede wei eng Cannabisproduiten gemengt sinn. Ee Cannabisproduit den zu medezineschen Zwecker an enger Apdikt verkaf gëtt dierft just mat 3% besteiert ginn, wei all aner Medikament och. Dëse Cannabis mat THC/CBD gehallt gëtt oft bei schwéiere Krankheete verschriwwen.

Cannabisproduiten déi "just" aus CBD besti missen a mengen Ae mat 8% besteiert gi well se fir mech ënnert : "plantes vivantes et autres produits de la floriculture" falen. Des Produiten ginn oftmools konsuméiert well se en positiven Afloss op dat psychescht wei kierperlecht Wuelbefannen hunn. Persounen déi op des Produiten zréckgräifen erfëlle leider oftmools net Krittäre fir vum medezinesche Cannabis kennen ze profitéieren. CBD mëscht och nogewisen, net offhängesch.

De leschte Produit wier dann de Cannabis mat THC den iergendwann soll legal a Lëtzebuerg verkaf ginn. Dressen Produit misst menger Meenung no als Genossmëttel besteiert gi wei Zigaretten oder Alcool an awer misst en ënnert dem Taux vu 17% leien. Ech gesinn de Cannabis de jo reng planzlech ass am Géigendeel zu den Zigaretten, nom konsuméiere vum Produit als vill méi klengen Impakt op eis Ëmwelt wei een Zigarettestomp. De genauen Taux misst en hei festleeën.

Canabis: ass eng falsch Debatte well ech hun hei Heem, Produits di ech a enger Apdikt kaafen an di vill mei onofhängech maachen wie Canabis! Wann et iwerdriwen taxeiert gëtt, dann kafen d'Leit erem um Schwarzmaart weider! Keng Leisung!

Merci fir äre Virschlag, mee ech mengen dir hutt d'Fro net zu 100% verstaan. D'Fro ass net ob et bestéiert gëtt mee wéi. zB grad esou vill wéi Zigretten? Méi ? Manner? Wann den CBD gëtt jo am momentan ganz héisch bestéiert

Back to group

This content is created by the open source Your Priorities citizen engagement platform designed by the non profit Citizens Foundation

Your Priorities on GitHub

Check out the Citizens Foundation website for more information