Guer keng Impfflicht, mee incentiveieren

Guer keng Impfflicht, mee incentiveieren

Guer keng Impfflicht afeieren, jidderee weider motiveieren seng Boosteren ze maachen an hoffen, dass bei deene restlech 30% Ongeimpften genuch duerchseucht gëtt, fir op deem Wée Herden-Immuniteit ze kreien? Incentiveieren: Suen fir Spritz, Opklärung, …?

Points

Guer keng Impfflicht afeieren, jidderee weider motiveieren seng Boosteren ze maachen an hoffen, dass bei deene restlech 30% Ongeimpften genuch duerchseucht gëtt, fir op deem Wée Herden-Immuniteit ze kreien?

Nei Incentives géife jo déi benodeelegen déi sech well impfe gelooss hunn an net (mei) an de Genoss vum Incentive géife kommen.

Keng Impfflicht, ech denken mat dënnen Aktuellen Mesuren sinn d'Léit egal wéi forcéiert sech impfen respektiv testen ze loossen fir kennen schaffen ze goen. D'Impfcampagne misst weider lafen an gepusht ginn fir dass och déi lëscht nozéien an hiren Deel bäidroen. Fir awer deenen entgéint ze kommen déi sech net kennen oder net wëllen Impfen loossen misst een villäicht rëm den Large Scale aféieren, sou géifen mir jidderengem entgéint kommen an hätten en tracing wou mir mam Virus drun sinn.

Nei Incentives sinn oft een Nodeel fir déi, déi scho virdrun do waren. Bsp: Erhéijung vun der Vëlosprimm. D'Fro ass, wéi engem Krittär mir méi Gewiicht ginn: Gläichheet tëschent den Individuen (équité sociale) oder Effikassitéit/Impakt vun enger fräiwelleger Impfkampagne.

Incentiveieren jo, awer firwat dann nemmen beim Covid? Mir mussen eis emmer och virun Aen haalen dass al Dag och Leit und aneren rankheeten stierwen (Herzkrankheeten, Kriebs, ...) Kreien ech eppes wann ech an de Fitness ginn fir den Infarkt virzebeugen, meng Iessgewunnegten emstellen. Mir sollen et aus Iwwerzeegung maachen an net well et Suen oder aner Leeschtungen get. Et mussen mei Suen an dei Präventiv Medizin investeiert ginn, an hei geheiert och Info fir Leit vun Impfungen ze iwwerzeegen.

Fir konstruktiv matzedenken: keng Impfpflicht+ mee eng reduktioun op d'cotisatioun dei en geimpften un d'CNS bezuelt? Alsou keng Stroof/Pflicht mee e Belounung? Kan iwwregens och fir aaner Saachen agefouert ginn (alsou net nemmen COVID).

Et keint een all geimpfter Persoun e Steierkreditt vun 50€ (Oder mei?) ginn fir all Joer wou mer et brauchen. Geif dat duergoen fir ze incentivisen?

Verschidde Pisten ginn et fir Leit ze motivéieren. Do muss de Staat Patronen, Dokteren asw anbannen. Ass et net méi bëlleg mat Primen ze motiveieren? An eben mat enger kloer Kommunikatioun. Deen neutral ass ?

Een "After-Sales": Impfskeptiker kréien no hierer Impfung ee medizinesche Suivi, wann se dat wëllen (Bluttester, Kur zu Mondorf, Konsultatiounen a réigelméissegen Intervallen zu 100% rembourséiert) fir si ofzesécheren, dass hiere Gesondheetszoustand no der Imfpung ze kontrolléieren. Dat Ganzt kéint souguer am Kader vun enger gréisserer Covid-Etüde gemaach ginn, fir Erkenntnisser iwwert eventuell Niewewierkungen vun der Impfung ze fuerschen.

Back to group

This content is created by the open source Your Priorities citizen engagement platform designed by the non profit Citizens Foundation

Your Priorities on GitHub

Check out the Citizens Foundation website for more information